06.10.2025

D'Schoul vun der Zukunft? Das SLP bei 100,7



Am Däitsch-Lëtzebuerger Schengen-Lycée zu Pierel ass et dëst Joer eng ganz besonnesch Rentrée. Vun dësem Schouljoer u gëtt do nämlech een neit Léierkonzept ageféiert. D’Schülerinnen a Schüler solle selwer decidéiere kënnen, a wéi engem Tempo si d’Haaptfächer Franséisch, Däitsch a Mathé léieren.


Am Plaz vu Klassesäll mat klassesche Reien u Schoulbänke mat Bléck op d’Tafel huet hei all Kand seng eege Plaz fir ze schaffen. Also ee Pult, ofgetrennt vun deem vum Noper, an dat d’Schülerinnen a Schüler och selwer gestallte kënnen.

100,7, D'Schoul vun der Zukunft?